×

Domaines de Vinsmoselle

D'Wënzergenossenschaft Domaines Vinsmoselle, am allgemenge Sproochgebrauch just Vinsmoselle genannt, ass de 16. Abrëll 1966 gegrënnt ginn. Si ass aus dem Zesummeschloss vun de Caves coopératives vu Gréiwemaacher, Wuermer, Greiweldeng, Stadbriedemes, Welleschten a Rëmerschen entstanen. D'Genossenschaft huet hire Sëtz am Schlass Stadbriedemes. D'Membere bewirtschafte mat ongeféier 800 ha dee gréissten Undeel Wéngerte vun der Musel. D'Genossenschaft gouf ursprénglech ënnert dem Numm Vinsmoselle gegrënnt, woubäi den Zousaz Organisation des vins de la Moselle Lux. derbäigesat konnt ginn. Se gouf … an Les Domaines de Vinsmoselle ëmgedeeft, fir 2012 den aktuellen Numm Domaines Vinsmoselle ze kréien.

Source: Wikipedia