×

Den Heischter

Den Heischter ass eng lëtzebuergesch Mikrobrauerei am Naturpark Uewersauer. Uganks huet se zu Eschduerf gebraut an zanter 2019 a méi grousse Raimlechkeeten zu Heischent an der Gemeng Esch-Sauer. Si ass 2008 gegrënnt ginn a gehéiert dem Gedrénkshändler Benny Wallers. D'Brauerei produzéiert ronn 30.000 Liter Béier d'Joer. Wéinst der klenger Produktioun gëtt de Béier nëmmen op e puer Plazen an an e puer Wiertschafte verkaaft,.

Source: Wikipedia